100komma7 Profile Banner
radio 100,7 Profile
radio 100,7

@100komma7

Followers
11K
Following
349
Statuses
21K

Luxembourg's public service radio

Luxembourg
Joined October 2012
Don't wanna be here? Send us removal request.
@100komma7
radio 100,7
1 month
Mir bleiwe weider op Facebook, instagram, Whatsapp, LinkedIn aktiv.
0
0
2
@100komma7
radio 100,7
1 month
Wësst Dir schonn, wat Dir Silvester um Mëtternuecht maacht? Gitt Dir ëm Mëtternuecht mat der Kippche virun d’Dier, den Nopere gratuléieren, an op d’Neit Joer ustoussen? Vill Leit maachen dat, an hoffen dobäi, ee Freedefeier ze gesinn.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
2024 goufen et manner Asyldemanden aus Syrien. Et ass een ostafrikanescht Land, vu wou aus elo déi meescht Flüchtlinge kommen.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Vum politesche Joer 2024 an Däitschland bléift virun allem de 6. November an Erënnerung: Deen Dag, un deem innerhalb vun e puer Stonnen déi däitsch Regierung zerbrach ass.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Fir Silvester den Owend rifft d‘Police zu Respekt an Toleranz op. Leit, déi feieren, sollen déi respektéieren, déi net kënnen oder wëlle feieren. An déi sollen eng gewëssen Toleranz géintiwwer deene weisen, déi feieren.
0
0
1
@100komma7
radio 100,7
1 month
Am Buch "Wandering Stars" vum Tommy Orange geet et ëm eng indigène Famill an Amerika, déi iwwert e puer Generatioune begleet gëtt. D'Claire Barthelemy huet d'Buch fir eis gelies.
0
0
1
@100komma7
radio 100,7
1 month
Wat d’Situatioun vum Bauhandwierk ugeet, schwätzt d’Chambre des Métiers vun engem “gemëschte Bild”, mee och vun enger “gewësser Reprise” am Logementssecteur.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
No der méiglecher Sabotage vun engem Ënnerwaasserstroumkabel viru Finnland warnt elo déi Europäesch Unioun virun der sougenannter russescher Schattenflotte.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
De bekannte Lëtzebuerger Kënschtler Arthur Unger ass dout. Wéi Paperjam mat Verweis op d‘Famill gemellt huet, ass den Arthur Unger gëschter um Sonndeg am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
0
0
2
@100komma7
radio 100,7
1 month
Den Eric Ewald huet fir eis op dat gréisste Sportsevenement vum Joer zeréckgekuckt: D'Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis. Wat ass aus Lëtzebuerger Siicht hänkebliwwen?
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Fir Frae viru sexueller Gewalt ze schütze missten zu Lëtzebuerg Gesetzer ugepasst ginn: Dat fuerdert d‘Direktesch vum nationale Fraerot, d'Gabrielle Antar.
0
0
1
@100komma7
radio 100,7
1 month
De fréieren US-amerikanesche President Jimmy Carter ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fondatioun matgedeelt. Hie war deen eelsten US-President, deen et bis elo gouf.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
D'Sportjoer hat vill ze bidden: D’Fussballnationalekipp, déi et bal op d’EM gepackt hätt, de Sträit tëscht der Sarah de Nutte an der Dëschtennisfederatioun, oder nach déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Et soll ee sech net ze héich Ziler setzen, wann ee sech gutt Virsätz fir d’Neit Joer virhëlt. Dat seet de Psycholog a Professer vun der Uni Lëtzebuerg Claus Vögele. Hie gëtt Ablécker doran, wéi een déi Virsätz och an d’Realitéit ëmsetze kann.
0
0
1
@100komma7
radio 100,7
1 month
D‘Grippeninfektiounen zu Lëtzebuerg gi weider an d‘Luucht. D‘lescht Woch gouf et bei der Gripp eng staark Hausse, vun 375 op 745 Fäll. Dat waren der duebel sou vill, wéi d‘Woch virdrun, esou d'Santé.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
De Monarchie-Expert Pierre Dillenburg seet sech am 100,7-Interview net iwwerrascht, datt den Trounwiessel schonn an gutt 9 Méint ass. Och wann hien de geneeën Datum net kannt hat, hätt hien domat gerechent datt et nach am Joer 2025 esou wäit wier.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Den Gianni di Paoli ass neie President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen. Gëschter, op Stiefesdag, hat d‘ACEL hir traditionell Generalversammlung. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Kimon Leners.
0
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Den Alkoholkonsum ass an der Gesellschaft omnipresent. An Europa gëtt och vill méi Alkohol consoméiert, wéi am Rescht vun der Welt. D‘Weltgesondheetsorganisatioun rifft Europa deemno op, dat a Fro ze stellen. Dofir huet de Gesondheetsministère eng Campagne gestart.
7
0
0
@100komma7
radio 100,7
1 month
Klore Gewënner bei den Europawalen war déi Europäesch Vollekspartei, déi op 188 Sëtz koum. Méi wéi ee Véierel vun de 720 EU-Deputéiert gehéieren enger vun den dräi rietse Fraktiounen un. Dat sinn der méi wéi jee virdrun. Eis EU-Korrespondentin Danièle Weber kuckt zeréck op d’Walen am Juni.
0
0
0